|
Den Asatzzenter Peiteng
Den Asatzzenter Peiteng ass op zwee Siten verdeelt :
-
den Ambulanzzenter, déen sech zu Peiteng op der Lengerstroos befennnt. Hei stinn 2 Ambulanzen, éen MTW an éen ELW. Hei befend sech och den Instruktiounssall fir d'Ambulancier'en, en Openthaltsraum mat Kichen,en Vestiaire, en Sanitärberäich, en klengen Atelier an natirlech och nach 3 Garagen, fir déi hei stationnéiert Ween.
-
den Sauvetagezenter déen bei den Pompjéen vun Kährjeng ennerbruecht as (fir gewuer ze gin firwat den Sauvetage zu Kährjeng stéet, liest do den Geschichtlechen Rèckblèck). Hei fannt daer en Instruktiounssall fir Sauveteuren resp. Pompieren, eng kleng Kichen, Vestiairen, Otemschutzatelier, Vestiairen an natirlech dei noutwendeg Sanitäranrichtungen.
-
am ganzen sin mer eng ronn 80 aktiv an 4 eire Memberen, opgedéelt op Ambulanz, Sauvetage, Ambulanz an Sauvetage.
-
an der Moyenne fueren mar pro Joer eng 2.200 Ambulanzenasätz an em dei 200 teschnech Interventiounen (Sauvetage)
Eise Kader besteet aus :
- dem Zenterchef
- 4 Zenterchef adjoint
- 4 Manschaftsvertrieder
|